Esch sträicht ëmstriddene Paragraf iwwer WGen

De Versuch vum Escher Schäfferot, fir iwwer d’Bautereglement Colocatiounen ze reglementéieren, ass gescheitert. Den entspriechende Paragraf gouf elo gestrach. Den Inneministère hat säi Veto ageluecht, mam Argument datt d’Bautereglement net do wier fir d’Zesummeliewe vu Mënschen ze reguléieren. Fir géint onwierdeg Wunnkonditioune virzegoen, wéilt d’Gemeng Esch amplaz verstäerkt d’Bautepolice fir Kontrollen asetzen.

Isabel Scott, Radio 100,7, 04.11.2021

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *