Wéi de Logement de Stéit mat nidderegem Akommes ze schafe mécht

Wien zu Lëtzebuerg eng Wunneng bezuele muss, huet ëmmer manner Sue Rescht fir aner Saachen. Dat ass eng vun de Konklusioune vun enger neier Etüd vum staatlechen Observatoire de l’Habitat. Besonnesch Locatairë mussen ëmmer méi e groussen Deel vun hirem Revenu fir hir Wunneng ausginn. Kuerz virun der Ried zur Lag vun der Natioun den Dënschdeg, erhéicht dat den Drock op d’Regierung fir Léisungen ze proposéieren, mengt de Jean-Claude Franck an enger Chronik.

Jean-Claude Franck, Radio 100,7, 08.10.2021

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *