Skip to main content

42.000 Leit kënne vun Ufank August un d'Hëllef vum Staat ufroen

Submitted by Fabio Spirinelli on 29 July 2022

D'Subvention Loyer gouf am Kader vun der Tripartite an d'Luucht gesat an esou adaptéiert, datt méi Leit theoretesch dovunner kënne profitéieren.

Um 1. August kéinten am Ganzen 42.000 Leit déi staatlech Hëllef ufroen, hat de Logementsminister Henri Kox virun zwou Wochen an der Chamber deklaréiert. Well awer scho virun den Ännerunge just 1 vu 5 Stéit, déi d'Subventioun zegutt haten, d'Subventioun och tatsächlech ugefrot hunn, hofft de Minister, genee ewéi d'Leit um Terrain, datt d'Leit matkréien, datt et déi Subvention Loyer gëtt.

An dat seet och d'Presidentin vun der Entente vun den Offices Sociaux, d'Ginette Jones. Si plädéiert fir e personaliséierte Courrier fir Leit, déi eligibel sinn. De Jean-Michel Campanella vun der Mieterschutz ASBL, dee proposéiert, datt een d'Leit wann se sech op der Gemeng umelle matdeelt, datt et déi Hëllef gëtt.

Fanny Kinsch, François Aulner, RTL, 28.07.2022

Ajouter un commentaire

Plain text

  • No HTML tags allowed.
  • Lines and paragraphs break automatically.
  • Web page addresses and email addresses turn into links automatically.