42.000 Leit kënne vun Ufank August un d’Hëllef vum Staat ufroen

D’Subvention Loyer gouf am Kader vun der Tripartite an d’Luucht gesat an esou adaptéiert, datt méi Leit theoretesch dovunner kënne profitéieren.

Um 1. August kéinten am Ganzen 42.000 Leit déi staatlech Hëllef ufroen, hat de Logementsminister Henri Kox virun zwou Wochen an der Chamber deklaréiert. Well awer scho virun den Ännerunge just 1 vu 5 Stéit, déi d’Subventioun zegutt haten, d’Subventioun och tatsächlech ugefrot hunn, hofft de Minister, genee ewéi d’Leit um Terrain, datt d’Leit matkréien, datt et déi Subvention Loyer gëtt.

An dat seet och d’Presidentin vun der Entente vun den Offices Sociaux, d’Ginette Jones. Si plädéiert fir e personaliséierte Courrier fir Leit, déi eligibel sinn. De Jean-Michel Campanella vun der Mieterschutz ASBL, dee proposéiert, datt een d’Leit wann se sech op der Gemeng umelle matdeelt, datt et déi Hëllef gëtt.

Fanny Kinsch, François Aulner, RTL, 28.07.2022

Die Nachfrage nach Sozialwohnungen verzeichnet einen stetigen Anstieg

LUXEMBURG – Der nationale Wohnraumfonds rechnet damit, dass er künftig 150 neue Mieteinheiten pro Jahr auf den Wohnungsmarkt bringen wird, um der Nachfrage gerecht werden zu können.

In Zeiten von Inflation und explodierenden Energiekosten, steigt auch «die Nachfrage nach erschwinglichen Mietwohnungen an». Und obwohl der nationale Wohnraumfonds «nicht in der Lage war, das genaue Volumen des Wachstums zu kalkulieren», geht der Fonds davon aus, dass mit seinen «98 neuen Wohneinheiten im Vorjahr auf dem Markt» ein Schritt in die richtige Richtung gemacht wurde.

L’Essentiel, 21.07.2022

Gel des Loyers jusqu’au 31/12/2022

Le Mieterschutz tient à informer qu’un gel des loyers a récemment été mis en place et restera encore en vigueur jusqu’au 31 décembre. En effet, nous constatons qu’il n’y a pas eu suffisamment de communication concernant cet aspect.

Il s’agit d’une des mesures comprises dans la loi du 29 juin 2022 portant transposition de certaines mesures prévues par l’« Accord entre le Gouvernement et l’Union des Entreprises luxembourgeoises et les organisations syndicales LCGB et CGFP » du 31 mars 2022.

La disposition relative au gel des loyers se trouve dans l’article 2:

« Par dérogation à l’article 3, paragraphe 5, de la loi modifiée du 21 septembre 2006 sur le bail à usage d’habitation et modifiant certaines dispositions du Code civil, toute adaptation du loyer dans le sens d’une augmentation du loyer d’un logement à usage d’habitation visée au prédit article 3 est interdite jusqu’au 31 décembre 2022. »

Nous avons récemment été sollicité par des locataires confrontés à des demandes d’augmentation du loyer. En effet, toute augmentation est interdite jusqu’en décembre.

Mieterschutz Lëtzebuerg a.s.b.l., 14/07/2022

MICHEL-EDOUARD RUBEN: «LE LOGEMENT, UN FRANC SUCCÈS QUI COÛTE BEAUCOUP D’EUROS»

Michel-Edouard Ruben, économiste à la Fondation Idea, revient sur les enjeux du marché du logement. Et les (multiples) pistes pour résoudre la crise qui le frappe depuis de nombreuses années.

Du manque de logements au mal-logement, de la pression sur les prix à la nécessité de construire plus, de la disponibilité des terrains à la rareté de la main-d’œuvre, la problématique du logement recouvre une série de réalités qui s’entremêlent.

Une réalité complexe, un objet d’étude aussi pour les économistes, qui tentent d’apporter une forme de rationalité à un sujet hautement émotionnel.

Illustration avec l’économiste à la Fondation Idea, Michel-Edouard Ruben.

Paperjam.lu, 26.03.2022

Immobilienpreise sind 2021 um weitere 13,9 Prozent in die Höhe geschnellt

Die Preise für Wohnungen in Luxemburg steigen weiterhin rasant. Im nun abgelaufenen Jahr 2021 hat das statistische Institut Statec, vorläufigen Zahlen zufolge, eine Wachstumsrate von 13,9 Prozent gemessen.

Ein neuer Rekord bei der Preissteigerungsrate konnte damit 2021 (mit der Wachstumsrate von 13,9 Prozent) sehr knapp vermieden werden. Im Vorjahr 2020 waren die Preise für Wohnimmobilien um noch höhere 14,5 Prozent nach oben geschnellt.

[…]

Christian Muller, 24.03.2022, Tageblatt.lu

Price of a flat in Luxembourg doubles in eight years

A 80 square metre flat cost on average €696,000 last year, up from €349,000 in 2013

The price of a flat in Luxembourg almost doubled between the start of 2013 and the end of last year, figures from the country’s official statistics agency Statec showed on Thursday, just weeks after the International Monetary Fund urged the government to urgently intervene in the housing market.

A flat of 80 square metres cost buyers an average of €696,000 at the end of 2021, roughly double the price in 2013, when it was priced at €349,000. 

[…]

Yannick Hansen, Luxembourg Times, 24.03.2022

CARTE BLANCHE VUM GILLES HEMPEL: Kee Recht op Wunnen an der neier Verfassung

Geschwënn gëtt an der Chamber dat nächst Kapitel vun der Verfassungsreform debattéiert.

Beim Thema Logement misst een awer nach e bësse méi konkret ginn, fir kënne vun engem Recht op Wunnen ze schwätzen. Dat seet de Gilles Hempel a senger Carte blanche.

Am zweete Kapitel vun eiser neier Verfassung geet et ëm d‘Rechter an d’Fräiheeten.

Do geet et primär ëm d' »Droits fondamentaux »an d’ »Libertés publiques ». Dat si Rechter, déi ee viru Geriicht akloe kann. Eent vun deene Rechter ass zum Beispill de Schutz vum Eegentum: « Nul ne peut être privé de sa propriété … »

Am selwechte Kapitel (« Des droits et libertés ») stinn och d’Staatsziler, d’ »Objectifs à valeur constitutionnelle ». Dat sinn awer keng Rechter an och keng Fräiheeten. Et kann een déi net akloe viru Geriicht. Déi stinn einfach do als Preuve vum gudde Wëllen.

Ee vun den neie Staatsziler betrëfft de Logement : « L’Etat veille à ce que toute personne puisse vivre dignement et disposer d’un logement approprié ».

Den Eegentum ass deemno vun der Verfassung geschützt, mee et gëtt kee Recht op Wunnen. Beim Logement gëtt hei just eng Aart Bienveillance festgeschriwwen. Dat ass awer net méi wéi e gudde Virsaz. Esou wéi mir dat och all Joer fir Neijoerschdag maachen. Lo hu mer geschwënn Enn Februar. An alt erëm gesi mer, wat dovun iwwereg ass.

Am Logement ass dat net anescht. Zanter Jore schreift sech eng Regierung no der anerer de Logement grouss op de Fändel. D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an de leschte Joren awer just dramatesch verschlechtert. Ech gleewen net, dass sech dorun eppes ännert, just well mer dat Lëpsebekenntnis elo an d’Verfassung schreiwen.

Wat mir brauchen, ass ee richtegt Recht op Wunnen. E Recht, dat ee viru Geriicht akloe kann.

A Frankräich gëtt et zanter 2007 esou ee Gesetz. D’Loi Dalo. Mat dem Gesetz hunn d‘Fransousen den « Droit au logement opposable » agefouert.

Do ka jiddereen, deen am Besoin ass, an an engem raisonnabelen Zäitraum keng Sozialwunneng proposéiert kritt, a leschter Instanz op d’Geriicht goen a säi Recht op eng Wunneng akloen.

Esou ee Gesetz brauche mir och hei zu Lëtzebuerg. Well nëmmen dann entsteet den néidegen Drock, fir dass alles, awer och alles, gemaach gëtt, fir dass genuch abordabel Wunnengen do sinn. Och wann een dofir deem Engen oder deem Anerem op d’Féiss trëppele muss.

Gilles Hempel, RTL.lu, 23.02.2022

D’Waardelëscht ass erschreckend grouss

E Mëttwoch de Moie war den Direkter vum Fonds du Logement eisen Invité vun der Redaktioun.

D’Waardelëscht ass erschreckend grouss, mä mir hunn einfach net genuch, fir de Leit unzebidden. Dat sot de Mëttwoch de Moien den Direkter vum Fong Jacques Vandivinit als eisen Invité vun der Redaktioun. Eleng un den Zuelen, wéi vill Wunnengen de Fonds du Logement pro Joer op de Marché bréngt, kéint een dem Fong seng Aktivitéit awer net wierklech jugéieren. Déi plakeg Zuele gesinn effektiv no wéineg aus. 2020 huet de Fonds du Logement 82 Wunnenge fäerdeggestallt. Dat Joer virdru waren et der 41. Bäi wäitem net genuch also, fir der grousser Demande gerecht ze ginn. Den Ament waarde méi wéi 4.000 Stéit op eng Wunneng.

[…]

Claude Zeimetz, RTL.lu, 09.02.2022