Honnerte Leit hu géint déi aktuell Situatioun um Immobiliëmarché protestéiert

Wunnen ass e Grondbedierfnes, awer kee Grondrecht. Dat wëllen d’Leit weltwäit änneren, dofir si si e Samschdeg um Housing Action Day op d’Strooss gaangen.

Esou och zu Lëtzebuerg, wou ganzer 20 Organisatiounen zesummen als Koalitioun ënnert dem Numm « Wunnrecht » e Protest-Marsch organiséiert hunn.

Eng ronn honnert Leit waren de Samschdeg de Mëtteg ënnerwee. Op der Gare goung et lass. Mat Spréch wéi « Un Toit c’est un Droit » si si bis op d’Place d’Armes getrëppelt. Ënnert den Demonstrante waren net nëmmen d’Organisatiounen, mee och Leit, déi besuergt sinn iwwert déi aktuell Situatioun um Immobiliëmarché.

RTL.lu, 27.03.2021