Signature d’une Convention pour un projet-pilote

Le 14 décembre 2022, le Ministère du Logement et le Mieterschutz Lëtzebuerg ont signé une convention pour le financement à court terme d’un projet-pilote de plusieurs mois. Le but principal consiste à développer le service d’information et de conseil aux locataires et d’améliorer l’offre de notre association. La convention couvre notamment les volets suivants:

  • l’organisation de permanences (par mail et téléphone) et d’orientations juridiques;
  • la publication d’une brochure et le développement de notre site internet;
  • la première phase de rdéaction d’un rapport sur la situation des locataires.

La signature de la convention est une reconnaissance des activités du Mieterschutz depuis la création de l’association en 2020. Il s’agit d’une première étape importante vers une professionnalisation de nos services, jusqu’alors entièrement basés sur le travail de volontaires.

Les informations sur les permanences, notamment les dates et horaires, seront communiquées et régulièrement mises à jour sur notre site et dans nos réseaux sociaux.

Vers le communiqué du ministère du Logement

Gesetzesprojeten zum Bail à loyer an der Grondsteier gi bei wäitem net duer

Au contraire géif den Accès zu enger anstänneger an abordabeler Wunneng doduerch eventuell esouguer nach méi schwéier ginn.

Dat schreift d’Koalitioun Wunnrecht, zu där eng 20 Associatioune gehéieren, e Freideg an engem Communiqué. An hiren Ae wier de Minister mat dëse Projete komplett um falsche Wee a misst dës onbedéngt nach eng Kéier op de Leescht huelen. Et géif un engem richtege Plang feelen, fir abordabele Wunnraum ze schafen, fir déi vulnerabelst Membere vun der Gesellschaft. An d’Konsequenze vun der Logementskris géifen ëmmer méi wäit Kreesser an der Gesellschaft belaaschten.

RTL.lu, 09.12.2022

Bail à loyer

De Projet de loi vum neie Mietgesetz suergt nawell fir vill Opreegung. Mee fir wien ass dat Gesetz iwwerhaapt geschriwwe ginn?

D’Aarbechtsrecht schützt de Salarié viru Mëssbrauch an Ausbeutung duerch säi Patron. Ee Mietgesetz sollt eigentlech dee selwechten Zweck hunn: De Mieter virun der Gier vu sengem Schlofhändler ze schützen.

An anere Länner ginn et dofir maximal Quadratmeterpräisser. Déi solle garantéieren, dass jidderee sech eng Wunneng leeschte kann.

Am Land vun de Proprietäre gëtt awer fir d’éischt nom Vermieter gekuckt. Dee soll genuch verdéngen.

[…]

Carte Blanche vum Gilles Hempel, RTL.lu, 09.12.2022

Wunne wärend dem Studium – e Luxus?

Vill Studente kréie keng Wunneng an engem vun de Studentenheemer an der Géigend vun der Uni, wat deelweis mat wäiten Trajete verbonnen ass.

Voll Studentenheemer, laang Waardelëschten an horrend Präisser um privaten Immobiliëmarché. De Manktem un abordabele Wunnengen ass en nationale Problem, dee Studente besonnesch haart trëfft. An och elo, bal zwee Méint no der Rentrée, ass d’Wunnen nach ëmmer en Thema op der Uni.lu.

[…]

Vidosava Kuzmic, RTL Tëlé, 09.11.2022

Living while studying – a luxury?

Lots of students are not able to get housing in student halls around their campus, which then often leads to long journeys back and forth.

Full student residences, long waiting lists and outrageous prices on the private property market. The lack of affordable housing is a nationwide problem that hits students particularly hard. And even now, almost two months after school started, housing is still an issue at uni.lu.

[…]

Vidosava Kuzmic, RTL Today, 10.11.2022

« Fir eis ass de Logementsministère an engem Widdersproch »

En Donneschdeg de Moie war de Fabio Spirinelli vum Mieterschutz eisen Invité vun der Redaktioun.

Méi Transparenz an eng Brems fir d’Locatiounspräisser, esou wier dat neit Bail-à-Loyer-Gesetz zwar virgestallt ginn, ma dat géing sech d’Mieterschutz ASBL vum Gesetzesprojet awer net erwaarden, esou de Fabio Spirinelli. Et wär gutt, dass dat investéiert Kapital méi genee definéiert gëtt an dass et muss am Kontrakt stoen. Och dass de Prozentsaz, fir de Loyer ze berechnen, reduzéiert gëtt, begréisst de Fabio Spirinelli. Dat neit Gesetz gesäit vir, dass de Loyer op 12 Méint net méi héich dierf si wéi 3,5 Prozent vum investéierte Kapital. Aktuell ass et 5 Prozent. Bei manner gutt isoléierte Logementer wier den Taux an Zukunft bei 3 Prozent.

[…]

Monica Camposeo, RTL Radio, 03.11.2022