Skip to main content

WUNNEN ZU LËTZEBUERG: E Grondrecht oder awer Luxus?

Submitted by Fabio Spirinelli on Wed 16/06/2021 - 22:39

Den ”Etat des Lieux” vun 30 Joer Logementspolitik - Den Historique!

1989 gouf de Wunnengsbauministere agefouert mam éischte Wunnengsbauminister Jean Spautz. Grond dofir war schonns deemools déi ze héich Präisser am Wunnengsmaart an de Manktem un Wunnengen, haaptsächlech sozial Wunnengen. Déi stänneg wuessend Populatioun huet bis haut bewierkt, dass d'Demande méi grouss ass, wéi d'Offer. Schonn deemools gouf ënner anerem gesot, Gemenge missten a Problematik agebonne ginn, an déi eidel Wunnengen, sou wéi net genotzten Terraine missten taxéiert ginn.

Et huet sech guer näischt geännert, ausser dass et méi schlecht ginn ass!

Problematik huet sech also iwwer 6 Legislaturperiode gezunn, ouni dass een eng Verbesserung ka feststellen. Och haut stinn nach ëmmer Wunnengen eidel an d’Offer ass ëmmer nach méi kleng wéi Demande. Dat, wat haut opfält, ass, dass Situatioun 30 Joer duerno nach wesentlech méi dramatesch ass wéi deemools. Haut riskéieren ëmmer méi Leit an Wunnengsnout ze falen, an do sinn et net déi sozial ënnescht Schichte vun der Populatioun, mä Jonker, déi vun der Uni kommen, eleng stoend Mammen oder Pappen, Leit aus der Mëttelschicht, déi e Liewen laang geschafft hunn an déi sech haut keen Daach méi iwwer dem Kapp kënne leeschten, nëmmen, well Si ni eppes vun hiren Elteren oder Grousselteren mat op de Wee kruten.

Huet d'Politik versot?

De Staat ass der Demande ni nokomm, besonnesch beim soziale Wunnraum. Och den éischten “Pacte Logement”  huet net dat bruecht, wat e versprach hat.

Dan Wiroth, François Aulner, RTL.lu, 19.05.2021

Add new comment

Plain text

  • No HTML tags allowed.
  • Lines and paragraphs break automatically.
  • Web page addresses and email addresses turn into links automatically.