Skip to main content

CARTE BLANCHE VUM GILLES HEMPEL: Kee Recht op Wunnen an der neier Verfassung

Submitted by Fabio Spirinelli on Thu 21/04/2022 - 18:33

Geschwënn gëtt an der Chamber dat nächst Kapitel vun der Verfassungsreform debattéiert.

Beim Thema Logement misst een awer nach e bësse méi konkret ginn, fir kënne vun engem Recht op Wunnen ze schwätzen. Dat seet de Gilles Hempel a senger Carte blanche.

Am zweete Kapitel vun eiser neier Verfassung geet et ëm d‘Rechter an d’Fräiheeten.

Do geet et primär ëm d'"Droits fondamentaux"an d’"Libertés publiques". Dat si Rechter, déi ee viru Geriicht akloe kann. Eent vun deene Rechter ass zum Beispill de Schutz vum Eegentum: "Nul ne peut être privé de sa propriété ..."

Am selwechte Kapitel ("Des droits et libertés") stinn och d’Staatsziler, d’"Objectifs à valeur constitutionnelle". Dat sinn awer keng Rechter an och keng Fräiheeten. Et kann een déi net akloe viru Geriicht. Déi stinn einfach do als Preuve vum gudde Wëllen.

Ee vun den neie Staatsziler betrëfft de Logement : "L’Etat veille à ce que toute personne puisse vivre dignement et disposer d’un logement approprié".

Den Eegentum ass deemno vun der Verfassung geschützt, mee et gëtt kee Recht op Wunnen. Beim Logement gëtt hei just eng Aart Bienveillance festgeschriwwen. Dat ass awer net méi wéi e gudde Virsaz. Esou wéi mir dat och all Joer fir Neijoerschdag maachen. Lo hu mer geschwënn Enn Februar. An alt erëm gesi mer, wat dovun iwwereg ass.

Am Logement ass dat net anescht. Zanter Jore schreift sech eng Regierung no der anerer de Logement grouss op de Fändel. D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an de leschte Joren awer just dramatesch verschlechtert. Ech gleewen net, dass sech dorun eppes ännert, just well mer dat Lëpsebekenntnis elo an d’Verfassung schreiwen.

Wat mir brauchen, ass ee richtegt Recht op Wunnen. E Recht, dat ee viru Geriicht akloe kann.

A Frankräich gëtt et zanter 2007 esou ee Gesetz. D’Loi Dalo. Mat dem Gesetz hunn d‘Fransousen den "Droit au logement opposable" agefouert.

Do ka jiddereen, deen am Besoin ass, an an engem raisonnabelen Zäitraum keng Sozialwunneng proposéiert kritt, a leschter Instanz op d’Geriicht goen a säi Recht op eng Wunneng akloen.

Esou ee Gesetz brauche mir och hei zu Lëtzebuerg. Well nëmmen dann entsteet den néidegen Drock, fir dass alles, awer och alles, gemaach gëtt, fir dass genuch abordabel Wunnengen do sinn. Och wann een dofir deem Engen oder deem Anerem op d’Féiss trëppele muss.

Gilles Hempel, RTL.lu, 23.02.2022

Add new comment

Plain text

  • No HTML tags allowed.
  • Lines and paragraphs break automatically.
  • Web page addresses and email addresses turn into links automatically.