Skip to main content

Zwee Gesetzesprojete fir méi gerecht Wunnen zu Lëtzebuerg

Submitted by Fabio Spirinelli on Thu 21/04/2022 - 18:12

De Logementsminister Henri Kox huet en Donneschdeg zwee Gesetzprojete virgestallt, déi ugangs 2023 sollen an der Chamber kënne gestëmmt ginn.

"D'ëffentlech Hand soll an Zukunft net 3 oder 4% vum Wunnengsmarché hunn, mä 10 oder 15%!". Dat huet de Logementsminister Henri Kox en Donneschdeg bei der Presentatioun vun zwee neie Gesetzesprojete betount. D'Hëllefe fir ze Wunnen zu Lëtzebuerg solle méi gerecht verdeelt ginn an et solle méi Leit dovunner profitéiere kënnen.

Engersäits soll e Regëster geschaaft ginn, an deem all d'Locatiounswunnengen, déi an ëffentlecher Hand sinn, registréiert ginn. Den Henri Kox mat Detailer: "Fir datt mer en Iwwerbléck hunn, wou wat gebaut ginn ass, a mer wëssen, wat zur Verfügung steet. An déi Clienten, déi kënne verdeelt ginn, sinn och do registréiert. D'Aufgab ass et, eng Vue d'ensemble vun allem ze hunn, Gerechtegkeet hunn. Well mer de Moment nach ënnerschiddlech Systemer hunn."

[...]

Claudia Kollwelter, Fanny Kinsch, RTL.lu, 06.01.2022

Add new comment

Plain text

  • No HTML tags allowed.
  • Lines and paragraphs break automatically.
  • Web page addresses and email addresses turn into links automatically.