Gesetzesprojeten zum Bail à loyer an der Grondsteier gi bei wäitem net duer

Au contraire géif den Accès zu enger anstänneger an abordabeler Wunneng doduerch eventuell esouguer nach méi schwéier ginn.

Dat schreift d’Koalitioun Wunnrecht, zu där eng 20 Associatioune gehéieren, e Freideg an engem Communiqué. An hiren Ae wier de Minister mat dëse Projete komplett um falsche Wee a misst dës onbedéngt nach eng Kéier op de Leescht huelen. Et géif un engem richtege Plang feelen, fir abordabele Wunnraum ze schafen, fir déi vulnerabelst Membere vun der Gesellschaft. An d’Konsequenze vun der Logementskris géifen ëmmer méi wäit Kreesser an der Gesellschaft belaaschten.

RTL.lu, 09.12.2022

Wunne wärend dem Studium – e Luxus?

Vill Studente kréie keng Wunneng an engem vun de Studentenheemer an der Géigend vun der Uni, wat deelweis mat wäiten Trajete verbonnen ass.

Voll Studentenheemer, laang Waardelëschten an horrend Präisser um privaten Immobiliëmarché. De Manktem un abordabele Wunnengen ass en nationale Problem, dee Studente besonnesch haart trëfft. An och elo, bal zwee Méint no der Rentrée, ass d’Wunnen nach ëmmer en Thema op der Uni.lu.

[…]

Vidosava Kuzmic, RTL Tëlé, 09.11.2022

Living while studying – a luxury?

Lots of students are not able to get housing in student halls around their campus, which then often leads to long journeys back and forth.

Full student residences, long waiting lists and outrageous prices on the private property market. The lack of affordable housing is a nationwide problem that hits students particularly hard. And even now, almost two months after school started, housing is still an issue at uni.lu.

[…]

Vidosava Kuzmic, RTL Today, 10.11.2022

« Fir eis ass de Logementsministère an engem Widdersproch »

En Donneschdeg de Moie war de Fabio Spirinelli vum Mieterschutz eisen Invité vun der Redaktioun.

Méi Transparenz an eng Brems fir d’Locatiounspräisser, esou wier dat neit Bail-à-Loyer-Gesetz zwar virgestallt ginn, ma dat géing sech d’Mieterschutz ASBL vum Gesetzesprojet awer net erwaarden, esou de Fabio Spirinelli. Et wär gutt, dass dat investéiert Kapital méi genee definéiert gëtt an dass et muss am Kontrakt stoen. Och dass de Prozentsaz, fir de Loyer ze berechnen, reduzéiert gëtt, begréisst de Fabio Spirinelli. Dat neit Gesetz gesäit vir, dass de Loyer op 12 Méint net méi héich dierf si wéi 3,5 Prozent vum investéierte Kapital. Aktuell ass et 5 Prozent. Bei manner gutt isoléierte Logementer wier den Taux an Zukunft bei 3 Prozent.

[…]

Monica Camposeo, RTL Radio, 03.11.2022

La réforme contre les loyers abusifs risque de faire… augmenter des loyers!

La réforme de la loi sur le bail à loyer ne ralentirait absolument pas la hausse des prix des loyers, bien au contraire, affirme l’ASBL « Mieterschutz Lëtzebuerg ». Dans certains cas le loyer maximum augmenterait même fortement.

La réforme de la loi sur le bail à loyer, que le ministre du Logement, Henri Kox, a présentée début octobre, devrait en théorie apporter davantage de transparence pour les prix des logements locatifs et de manière générale, une meilleure protection.

[…]

Romain Van Dyck, RTL.lu, 18.10.2022

D’Bail à Loyer-Gesetz wier eng Mogelpackung, esou de Reproche

D’Reform géif déi ëmmer méi héich Loyerspräisser absolut net bremsen, am Géigendeel.

Méi Transparenz fir d’Präisser vun de Locatiounswunnengen, an allgemeng e bessere Schutz: dat soll d’Reform vum Bail-à Loyer-Gesetz mat sech bréngen, dat de Logementsminister Kox Ufank des Mounts virgestallt hat.

[…]

RTL.lu, 18.10.2022

42.000 Leit kënne vun Ufank August un d’Hëllef vum Staat ufroen

D’Subvention Loyer gouf am Kader vun der Tripartite an d’Luucht gesat an esou adaptéiert, datt méi Leit theoretesch dovunner kënne profitéieren.

Um 1. August kéinten am Ganzen 42.000 Leit déi staatlech Hëllef ufroen, hat de Logementsminister Henri Kox virun zwou Wochen an der Chamber deklaréiert. Well awer scho virun den Ännerunge just 1 vu 5 Stéit, déi d’Subventioun zegutt haten, d’Subventioun och tatsächlech ugefrot hunn, hofft de Minister, genee ewéi d’Leit um Terrain, datt d’Leit matkréien, datt et déi Subvention Loyer gëtt.

An dat seet och d’Presidentin vun der Entente vun den Offices Sociaux, d’Ginette Jones. Si plädéiert fir e personaliséierte Courrier fir Leit, déi eligibel sinn. De Jean-Michel Campanella vun der Mieterschutz ASBL, dee proposéiert, datt een d’Leit wann se sech op der Gemeng umelle matdeelt, datt et déi Hëllef gëtt.

Fanny Kinsch, François Aulner, RTL, 28.07.2022