Skip to main content

DÄIWELSKREES LOGEMENT: WANN ENG FAMILL AM HOTEL LANT

Submitted by Fabio Spirinelli on 23 February 2021

D'Famill huet een Zëmmer, an deem zwee Duebelbetter an ee Bettche fir de Bëbee sinn. Richteg kachen ass ouni Kichen awer net méiglech, och den Homeschooling huet d'Duechter vun 9 Joer am Hotelszëmmer gemaach.

Wéi si gewuer ginn ass, dass si aus der aler Wunneng eraus missten, huet d'Janise Rodrigues ugefaangen, no engem neien Appartement ze sichen. Dat ass mëttlerweil ee Joer hier.

Déi jonk Fra verléiert kuerz virun der Pandemie hir Aarbecht als Vendeuse. Keng gutt Viraussetzung, fir sech um Wunnmarché mat sëllegen anere Locatairen duerchzesetzen. Am November muss d'Famill dann aus der aler Wunneng eraus a lant am Hotel. Mat der Hëllef vun enger Assistente sociale versicht d'Janise Rodrigues aus där Situatioun erauszekommen.

Reportage an Artikel op RTL.lu, 22.02.2021

Ajouter un commentaire

Plain text

  • No HTML tags allowed.
  • Lines and paragraphs break automatically.
  • Web page addresses and email addresses turn into links automatically.