Direkt zum Inhalt

Honnerte Leit hu géint déi aktuell Situatioun um Immobiliëmarché protestéiert

Gespeichert von Fabio Spirinelli am

Wunnen ass e Grondbedierfnes, awer kee Grondrecht. Dat wëllen d’Leit weltwäit änneren, dofir si si e Samschdeg um Housing Action Day op d’Strooss gaangen.

Esou och zu Lëtzebuerg, wou ganzer 20 Organisatiounen zesummen als Koalitioun ënnert dem Numm "Wunnrecht" e Protest-Marsch organiséiert hunn.

Eng ronn honnert Leit waren de Samschdeg de Mëtteg ënnerwee. Op der Gare goung et lass. Mat Spréch wéi "Un Toit c’est un Droit" si si bis op d’Place d’Armes getrëppelt. Ënnert den Demonstrante waren net nëmmen d’Organisatiounen, mee och Leit, déi besuergt sinn iwwert déi aktuell Situatioun um Immobiliëmarché.

RTL.lu, 27.03.2021

Neuen Kommentar hinzufügen

Klartext

  • Keine HTML-Tags erlaubt.
  • Zeilenumbrüche und Absätze werden automatisch erzeugt.
  • Website- und E-Mail-Adressen werden automatisch in Links umgewandelt.