D’Logementspräisser klamme weider

D’Covid-Kris hat kee groussen Impakt op de Logementsmarché hei am Land. Där Meenung ass de Julien Licheron, dee sech um Fuerschungsinstitut LISER mat den Entwécklungen um Immobiliëmarché beschäftegt. De franséische Fuerscher sot eis, d’Wunnengspräisser wieren am zweeten Trimester vun dësem Joer zwar net grad esou séier geklomme wéi an de Méint virdrun. Hien ass awer der Meenung, dat dierft een net iwwerbewäerten.

Rick Mertens, Radio 100komma7, 08.10.2021

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.