Skip to main content

"Fir eis ass de Logementsministère an engem Widdersproch"

Submitted by Fabio Spirinelli on 13 November 2022

En Donneschdeg de Moie war de Fabio Spirinelli vum Mieterschutz eisen Invité vun der Redaktioun.

Méi Transparenz an eng Brems fir d'Locatiounspräisser, esou wier dat neit Bail-à-Loyer-Gesetz zwar virgestallt ginn, ma dat géing sech d'Mieterschutz ASBL vum Gesetzesprojet awer net erwaarden, esou de Fabio Spirinelli. Et wär gutt, dass dat investéiert Kapital méi genee definéiert gëtt an dass et muss am Kontrakt stoen. Och dass de Prozentsaz, fir de Loyer ze berechnen, reduzéiert gëtt, begréisst de Fabio Spirinelli. Dat neit Gesetz gesäit vir, dass de Loyer op 12 Méint net méi héich dierf si wéi 3,5 Prozent vum investéierte Kapital. Aktuell ass et 5 Prozent. Bei manner gutt isoléierte Logementer wier den Taux an Zukunft bei 3 Prozent.

[...]

Monica Camposeo, RTL Radio, 03.11.2022

Ajouter un commentaire

Plain text

  • No HTML tags allowed.
  • Lines and paragraphs break automatically.
  • Web page addresses and email addresses turn into links automatically.