Skip to main content

HAUSSE VU LOGEMENTSPRÄISSER - "Eng Katastroph fir déi jonk Generatiounen", sou de Max Leners

Soumis par Fabio Spirinelli le

De Generalsekretär vun der Fondation Robert Krieps weist sech schockéiert iwwert déi nei Hausse um Immobiliëmarché.

D'Zuele vum Statec schwätzen eng kloer Sprooch: D'Logementspräisser gi weider an d'Luucht. Bannent engem Joer elo 16,7 Prozent. Dat ass en neien Héchstwäert a changéiert näischt, kascht, graff gesot, en Objet vun enger Millioun Euro haut an 10 Joer iwwer 4,5 Milliounen Euro. De Generalsekretär vun der Fondation Robert Krieps Max Leners ass schockéiert iwwer déi nei Hausse: ''Fir meng Generatioun ass dat eng richteg Katastroph. Et brauch nei Mesuren.''

Nei Appartementer sinn duerchschnëttlech op ee Joer gekuckt 14,4% méi deier ginn, aler souguer knapps 16%. Bei den Haiser ass et eng Hausse bal 20% op ee Joer gekuckt.

RTL.lu, 09.04.2021

Ajouter un commentaire

Texte brut

  • Aucune balise HTML autorisée.
  • Les lignes et les paragraphes vont à la ligne automatiquement.
  • Les adresses de pages web et les adresses courriel se transforment en liens automatiquement.