Skip to main content

Verschidde Leit musse bis zu 50% vun hirer Pai fir de Loyer ausginn

Soumis par Fabio Spirinelli le

D'Loyers- an Immobiliëpräisser halen net op mat klammen zu Lëtzebuerg an dat fält de Stéit zur Laascht. Taux d'effort fir Locatairë klëmmt vun 31 op 37%.

An enger neier Nott schreift den Observatoire de l'Habitat, dat géing besonnesch d'Locatairen um Privatmarché an d'Proprietären, déi nach amgaange sinn, e Prêt ze bezuelen, concernéieren.

Den Taux d'effort wier fir d'Locatairë vun 2016 op 2019 vun 31 op 37% geklommen. Déi Stéit, déi an den ënneschten 20 Prozent vum Akommes sinn, gi souguer d'Hallschent vun hirem Budget all Mount fir de Loyer aus. Och bei deene Leit, déi net sou vill Akommes hunn an e Prêt musse rembourséieren, wier den Taux d'effort staark geklommen.

RTL.lu, 07.10.2021

Ajouter un commentaire

Texte brut

  • Aucune balise HTML autorisée.
  • Les lignes et les paragraphes vont à la ligne automatiquement.
  • Les adresses de pages web et les adresses courriel se transforment en liens automatiquement.