Skip to main content

Gesetzesprojeten zum Bail à loyer an der Grondsteier gi bei wäitem net duer

Submitted by Fabio Spirinelli on Sat 10/12/2022 - 11:35

Au contraire géif den Accès zu enger anstänneger an abordabeler Wunneng doduerch eventuell esouguer nach méi schwéier ginn.

Dat schreift d'Koalitioun Wunnrecht, zu där eng 20 Associatioune gehéieren, e Freideg an engem Communiqué. An hiren Ae wier de Minister mat dëse Projete komplett um falsche Wee a misst dës onbedéngt nach eng Kéier op de Leescht huelen. Et géif un engem richtege Plang feelen, fir abordabele Wunnraum ze schafen, fir déi vulnerabelst Membere vun der Gesellschaft. An d'Konsequenze vun der Logementskris géifen ëmmer méi wäit Kreesser an der Gesellschaft belaaschten.

RTL.lu, 09.12.2022

Add new comment

Plain text

  • No HTML tags allowed.
  • Lines and paragraphs break automatically.
  • Web page addresses and email addresses turn into links automatically.