Skip to main content

Keen Uräiz, fir datt Bauland bebaut gëtt: e "Kaddo" fir Groussbesëtzer

Soumis par Fabio Spirinelli le

En Donneschdeg de Moie war de Fuerscher vum Liser eisen Invité vun der Redaktioun.

Et feelt net u Bauterrainen am Land, mä Bauland gëtt bewosst zeréckgehalen, fir nach méi vun enger Hausse vun de Präisser ze profitéieren. Dat geet aus enger Etüd vum Liser ervir, bei där de Fuerscher Antoine Paccoud den Haaptauteur war. Hie war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun a sot, d’Politik géing näischt dogéint ënnerhuelen.

Eng Strof, wann een Terrain zeréckhält oder eng Ureegung, wann Terrain mobiliséiert gëtt, géing et net ginn. Dat kéint ee sech als "Kaddo" virstelle fir Groussbesëtzer zanter Generatiounen, fir deen d’Allgemengheet mat hirer Aarbecht géing bezuelen, sou den Antoine Paccoud. Hien huet och drun erënnert, datt 90% vum Bauland a privaten Hänn ass. Laut Donnéeë vum Liser besëtzt och e klenge Grupp vu Leit de groussen Deel vum Bauland.

Fränz Aulner, RTL.lu, 09.09.2021

Ajouter un commentaire

Texte brut

  • Aucune balise HTML autorisée.
  • Les lignes et les paragraphes vont à la ligne automatiquement.
  • Les adresses de pages web et les adresses courriel se transforment en liens automatiquement.