Extrait de l'article:
"Et ass eng konstant Hausse a bei verschidde Leit mécht de Loyer souguer 40 Prozent vun hirem gesamte Revenue aus, an dat nëmme fir sech ze logéieren. Dat sot de Jean-Michel Campanella e Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Virop Leit, déi mam Mindestloun musse liewen oder elengerzéiend Eltere wiere besonnesch concernéiert. Et misst ee sech d'Fro stellen, "mussen d'Salairen an d'Luucht goen oder missten d'Loyeren erofgoen?"
Déi meescht Leit, déi sech beim Mieterschutz mellen, hätten Angscht virun enger Expulsioun. Dat wier awer meeschtens och geknäppt un eng Hausse vum Loyer. Dacks géingen d'Leit kontaktéiert ginn, well de Proprietär seet, hie wéilt elo 500 Euro méi. Dobäi géing et awer Reegele ginn. Et dierf een net wéi wéi 10 Prozent all 2 Joer froen. "Mee et ginn ëmmer nach Leit, déi et versichen." Verschiddener wéissten et einfach net, mee anerer soen dann zum Locataire "wann s de wëlls bleiwen, bezils de méi oder ech soen, ech hätt e Besoin personnel." Am Deierste wier et iwwregens nach ëmmer an a ronderëm d'Stad."
Ajouter un commentaire