"De Logementsminister Claude Meisch huet dës Woch d'Schafung vun enger nationaler Loyerskommissioun ugekënnegt. Domat gëtt eng laangjäreg Fuerderung vum Mieterschutz erfëllt. Mee wéi kann déi hëllefen, d'Situatioun um Locatiounsmaart ze berouegen?
Wunnen zu Lëtzebuerg ass deier. Grad vill Locatairë kréien dat ze spieren. De Jean-Michel Campanella, President vum Mieterschutz, stellt am 100,7-Interview fest, datt d’Präisser net erof ginn. [...]"
Ajouter un commentaire